
Maison Relais „An Der Dällt, Schuttrange“
Moien,
An dësem Dokument beschreiwen mir Dir kuerz eist klengt Theaterspill a wei mir dat am Alldag ëmgesat hunn. Am Anhang schécken mir Dir och d´Iwwersetzung vum Buch.
Fir eis war et wichteg, dass d´Kanner de Sënn vun der Geschicht verstinn.
Do hate mir d´Iddi ee klengen Theater mat Handpoppen ze maachen, well dat d’Kanner Geschicht mei spannend mécht, an d’Kanner da mei konzentréiert sinn a besser nolauschteren.

Dat Buch gelies hu mir ëmmer ze zwee.
Een huet d´Buch ugehalen fir dass Kanner d’Biller nierwenbei gesinn hunn an deen aneren huet d’Handpopp ugehalen an mat Hëllef vun der Popp dunn d’Geschicht erzielt. Zum Schluss hu mir d‘ Kanner nach eng Kéier gefrot, ob si eis erkläre kënnen, em wat et an der Geschicht gaangen ass.
Eis war et wichteg, dass d‘Kanner verstinn, dass een och NEE ka soen an awer och dass, wann een aneren NEE seet, dass een dat akzeptéiert.
Am Alldag, wa mir mol eng Situatioun beobacht hunn, wou dat net de Fall war, hunn mir si drop ugeschwat a gefrot, ob si sech nach un d’Geschicht erënneren kennen an dunn hu mir ee klenge Refresh gemaach.
Niewebäi hunn mir och ee Blat gemaach mat 4 Reegelen, déi eis wichteg sinn an der Maison Relais bei de Minibutzen.
Déi hu mir dann och de Kanner an all de Gruppen erkläert.
Déi Reegelen hu mir am Rollenspillsall opgehaangen a wann een Kand sech net un d` Reegele gehalen huet, hu mir si nach eng Kéier drop ugeschwat.



Iwwersetzung an Ëmschreiwung an eng Theaterstéck,
Maison Relais „An Der Dällt Schuttrange“

Säit 1 + 2
Säit 3 + 4
Säit 5 + 6
Säit 7 + 8
Säit 9 + 10
Säit 11 + 12
Säit 13 + 14
Säit 15 + 16
Säit 17 + 18
Säit 19 + 20
Säit 21 + 22
Säit 23 + 24
Ende

